Invitatioun op 2 vegetaresch Kachcoursen fir d’Fréijoer a Summer…

Fingerfood Spargel

Vierwetzesch op déi vill verschidde Goûten vum vegetareschen Iessen oder Loscht nei Rezepter ze entdecken an fir d’Fréijoer an déi waarm Joereszäit mat ville Vitaminen unzefänken?
Direkt an zwee Kachcoursen gi gutt an attraktiv Rezepter no «vegetareschen» a «vegane» Kritären zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert -, Vegetareschen- a Vegan-Kichen erkläert.

Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a
genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.
Um Plang stinn esou lecker Plat’en wéi Spinat-Sauerampelszalot mat Avocado (vegan), Spargel-Ierbsencrèmeszopp mat frëscher Menthe (vegan) oder Tomaten-Flammkuch mat Basilikum-Sauerrahm (lacto-veg.) bis hin zu gesonden Dessertplat’en wéi eng „Uebstzopp“ asw.
Ofgehale ginn d‘Kachcoursen vum Lydie Muller-Philippy, der Autorin vun dem Blog Veggie Table.
Programm:

Jeeweils un dräi Owender pro Kachcours gi verschidde Menue gekacht:

      • Um éischten Owend steet e besjen Theorie um Programm, duerno Präparatioun vu Fingerfood.
      • Um zweeten an drëtten Owend gi jeweils 2 Menüer mat Rohkost, Entrée, Haaptplat an Dessert gekacht D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini an wou:

  1. Kachcours: Jeeweils Dënschdes, den 20./27.Mee/3. Juni
  2. Kachcours: Jeeweils Dënschdes, den 17./24. Juni/1. Juli

an der neier Kichen vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Letzebuerg vun 18.00 bis ongeféier 21.00 Auer.

Präis:
De Präis (3 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110 € fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120 € fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op de Kont LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy L.) mat der Mentioun «vegetaresche Kachcours 1», resp. «vegetaresche Kachcours 2»

Umeldung:
Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu.

Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi pro Cours maximal 15 Leit ugeholl.

Déi éischt si fir!!

Umeldung spéitstens bis de 14.05.2014 !

Print Friendly

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.