Vegetaresch Kachcoursen fir virwëtzeg op déi vill verschidde Goûten vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a veganen“  Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, vegetarescher- a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

 

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggie-table.lu“. 

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, preparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

 

Wéini a wou:

Jeeweils

  • Méindes, den 20. an 27. Januar an den 3. an 10. Februar 2020 oder
  • Méindes, de 24. Februar an den 2. / 9. an 16. Mäerz 2020 oder
  • Méindes, den 20. an 27. Abrëll an den 4. an 11. Mee 2020

an der Kichen vum  Oekozenter Pafendall,  6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg  vun 18.15 bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.- Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konte
vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun «vegetaresche Kachcours – Datum“.

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: inscription@meco.lu

 

Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un, well maximal 10 Leit/Cours ugeholl ginn, déi éischt si vir.

 

Print Friendly

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.