Vegetaresche Kachcours fir virwetzeg op déi vill verschidde Goût‘en vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

 

Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, vegetarescher- a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggie-table.lu“.

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert.

D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, preparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Méindes, den 5.; 12.; 19. an 26. November an der Kiche vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg vun 18.15 bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.- Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konte vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun „vegetaresche Kachcours

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: meco@oeko.lu

Mëllt Iech w.e.g. mat Zäiten un, wëll maximal 15 Leit ugeholl ginn, déi éischt si vir.

Umeldung spéitstens bis den 29. Oktober 2018

 

Print Friendly

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.