Vegetaresche Kachcours fir virwëtzeg op déi vill verschidde Goûten vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, vegetarescher- a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggie-table.lu“.

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, preparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Méindes, den 16., 23. an 30. September an den 7. Oktober 2019 an der Kiche vum Oekozenter Pafendall, vun 18.15 bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.- Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konte
vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun «vegetaresche Kachcours – September/Oktober.

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: inscription@meco.lu

Mëllt Iech w.e.g. mat Zäiten un, wëll maximal 15 Leit ugeholl ginn, déi éischt si vir. Umeldung spéitstens bis den den 10. September 2019.

 

 

 

Print Friendly

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.